D’Pamela Anderson huet sech vu sengem 5. Mann getrennt.

Nëmmen 13 Méint war d’"Baywatch"-Schauspillerin mam Dan Hayhurst bestuet. Si hate sech op Chrëschtdag 2020 a Kanada d’Jo-Wuert ginn. D’Pamela gouf virun e puer Deeg zu Malibu ouni Hochzäitsrank fotograféiert. Den Dan Hayhurst war de Bodyguard vum Pamela Anderson. Et ass awer och net ganz sécher ob et wierklech de 5. Mann ass well d'Pamela net genee gesot huet wéi vill mol hatt bestuet gouf.