
© AMY SUSSMAN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP
Wéi et schéngt ass d’Schauspillerin Jessica Alba net grad déi angeneemste Persoun mat där ee schaffe kann.
Dat mengt op alle Fall de "Supernatural"-Schauspiller Jensen Ackles. Déi zwee stounge virun 20 Joer zesummen an der Serie „Dark Angel“ virun der Kamera. An tëscht deenen zwee huet et einfach guer net geklappt, esou de Jensen an engem Podcast. D’Jessica Alba soll seng Aarbecht net wierklech respektéiert hunn an hie virun der Crew bloussgestallt hunn.
Dofir huet de Jensen Ackles gesot dass hien hatt op d’Plaz gesat huet. Elo respektéieren déi zwee Schauspiller sech obwuel se ni wäerte bescht Kolleege ginn.
Lauschtert hei alleguerten d'Prominews vum Dag: