De Mike Tyson hat eng Persoun an engem Fliger geschloe mee hie wäert net bestrooft ginn.

Dat huet e Procureur am Bundesstaat Kalifornien decidéiert. Et wäert keng Uklo géint de fréiere Box-Weltmeeschter ginn. D’Persoun am Fliger hätt de Mike Tyson permanent provozéiert. Fir d’éischt war de fréiere Sportler frëndlech an hat de Mann gefrot sech ze berouegen.

Iergendwann hat de Mike Tyson es genuch an huet de Mann geschloen, esou d’Promi-Portal TMZ. Natierlech gouf déi Interaktioun gefilmt. Mee dem Procureur no, wollt weder d’Affer nach de fréiere Boxer eng Uklo maachen.