D’Halsey huet iwwer déi vill gesondheetlech Probleemer geschwat mat deenen hatt an der lescht konfrontéiert gouf.

D’Sängerin huet eng Partie Instagram Stories an deem Kontext gepoust. Seng Gesondheet hätt sech no senger Schwangerschaft verschlechtert. Et wier vill krank ginn an e puermol hospitaliséiert ginn. Beim Halsey goufe 4 verschidde Syndromer - ënner anerem den Ehlers-Danlos-Syndrom - diagnostizéiert an hatt huet elo en Häerzmonitor. Et wier och op ganz ville Saachen allergesch mee et sot dass d’Fans sech keng Suerge musse maache well et anstänneg behandelt gëtt.