D’Muecht-Transitioun tëscht der Queen Elizabeth an dem Prënz Charles ass warscheinlech am Gaangen.

D’Queen huet nämlech net dee wichtege "Queen’s Speech" am brittesche Parlament gehalen. Dat ass eng Traditioun fir d’Ouverture vum Parlament. Als Erklärung sot Buckingham Palace dass d’Queen Mobilitéitsprobleemer huet a léiwer net dobäi wollt sinn. Zënter ganzer 59 Joer hat si dëst Event net verpasst: si war just zweemol net dobäi wéi si schwanger war. Hire Jong de Prënz Charles huet also fir déi éischte Kéier de "Prince’s Speech" gehalen.