D’Adele huet eng Partie Fotoe mat sengem Frënd op Insta gepost an och gläichzäiteg verroden dass si zesumme geplënnert sinn.

Op der éischter Foto gesäit een d’Sängerin nämlech zesumme mam Rich Paul an si hunn allen zwee Schlësselen an der Hand. Hannendrun gesäit een dann dat neit Haus dat si zesumme kaf hunn. Ënnert de Fotoen huet d’Adele geschriwwen dass Zäit verflitt. Dofir menge verschidde Fans dass d’Koppel hiren éischte Joresdag gefeiert huet.