D’Sophie Turner ass der Meenung dass hatt an Zukunft Zeeche vun Trauma virweise wäert.

An dat well hatt mat nëmmen 13 Joer d’Roll vum Sansa Stark bei Game of Thrones gespillt huet. Hatt gouf am jonken Alter mat Theme wéi Gewalt a Sex konfrontéiert. An engem Interview sot d’Sophie Turner dass hatt versicht huet esou vill Spaass wéi méiglech tëscht de verschiddenen Zeenen ze hunn. Och war seng Mamm dacks um Set fir d’Schauspillerin z’ënnerstëtzen. An deem Alter hätt hatt och net alles verstane wat an der Serie geschitt ass.