De Prozess vum Johnny Depp géint d’Amber Heard ass och schonn eng Zäitchen amgaang.

Mee Leit, déi de Prozess all Dag suivéieren, hunn Rumeuren an d’Welt gesat. An zwar menge verschidde Leit dass de Schauspiller mat senger Affekotin zesumme wier. Op TikTok sinn eng Partie Opnamen aus dem Geriichtssall mam Johnny Depp a senger Affekotin ze gesinn.

Et gëtt doraus interpretéiert dass si ganz vertraut mateneen ëmginn a sech dacks upaken. Si géifen och dacks matenee laachen. Eng Quell huet awer dem Promi-Portal TMZ gesot dass déi zwee just gutt mateneen eens ginn awer näischt méi.

Lauschtert hei alleguerten d'Prominews vum Dag: