De Zac Efron géif sech anscheinend op e weideren "High School Musical" Film freeën.

De 34-järege Schauspiller sot an engem Interview dass hie wierklech hofft dass e véierte Film gedréint wäert ginn. De Zac Efron kéint sech virstellen nees mat deem selwechten Team ze schaffen. Dat huet natierlech ganz vill Fans immens gefreet. Den éischten "High School Musical" Film ass 2006 erauskomm, deen drëtten a leschten ass 2008 erauskomm.