Dem Gwyneth Paltrow seng Marketing-Strategie ass zimmlech aussergewéinlech.

D’Schauspillerin verkeeft nämlech Luxus-Pampers déi 120 Dollar pro Pak kaschten. D’Gwyneth Paltrow huet jo seng eege Mark "Goop" viru Joren entwéckelt. Vill Leit hunn immens irritéiert op dësen neie Produit reagéiert. D’Pampers wieren aus Alpaka-Woll a mat Edelsteng dekoréiert.

Mee am Fong sollt dat just eng Marketing-Strategie si fir op e Probleem opmierksam ze maachen. A 33 US-Staaten ginn d’Pampers wéi e Luxusproduit besteiert. D’Schauspillerin setzt sech mat der Organisatioun Baby2Baby dofir an dass dat ännert. D’Leit solle sech nämlech Pampers leeschte kënnen. D’Zil war et e Fake Produit ze benotze fir op e reele soziale Probleem opmierksam ze maachen.