Den Jason Momoa huet bei engem Trip zu Roum seng Fans rose gemaach.

De Moment dréint den "Aquaman"-Schauspiller den 10. Deel vun "The Fast and Furious" Filmer an der italienescher Haaptstad. Mee wärend der Dréipaus ass hien an d’Vatikanesch Museeë gaangen. Hie war och an der Sixtinescher Kapell wou een näischt fotograféieren a filmen dierf. Dat well d’Konschtstécker musse geschützt ginn.

Mee op Instagram huet de Jason Momoa net nëmme gefilmt a Fotoe gemaach. Hien huet esouguer verschidde Konschtstécker ugepak. Mee wéi et schéngt soll et erlaabt gewiescht sinn dës unzepake well et Kopië sinn. Trotzdeem ass déi ganz Visitt net immens gutt bei de Fans ukomm.