D’Cardi B huet decidéiert en Tutorial iwwer Pampers-wiessele fir seng Fans ze maachen.

An dat well hatt extrem laang Neel huet. Schrëtt fir Schrëtt huet d’Rapperin an engem Video gewisen dass et méiglech ass mat laangen Neel d’Pampers ze wiesselen. Hatt huet awer net seng eege Kanner propper gemaach mee just en Teddybier als Beispill geholl. Säi Meedchen d’Kulture ass och opgedaucht an huet senger Mamm nogekuckt.