D’Taylor Swift krut en Éierendoktertitel vun der bekannter New York University.

D’Sängerin war bei der grousser Diplomiwwerreechung dobäi déi am Yankee Stadium zu New York stattfonnt huet. D’Klasse vun 2020, 2021 an 2022 goufe geéiert mee och d’Taylor Swift. Hatt huet och am klasseschen Outfit vun den diploméierte Studenten eng Ried vun 20 Minutte gehalen.

Do huet hatt perséinlech Anekdote gezielt an hatt huet och verrode wat hatt bis ewell aus senger Karriär geléiert huet. D’Taylor Swift huet och gesot dass ee sengem Instinkt vertraue soll an dass een natierlech net evitéiere kann heiansdo Feeler ze maachen.