Den Elon Musk huet Infoen iwwer seng politesch Orientatioun ginn.

Op engem Tech-Sommet huet de Milliardär gesot dass hien an der Vergaangenheet bal ëmmer fir d’US-Demokrate gewielt huet. Mee elo hätt hie seng Meenung geännert. Hien wäert elo warscheinlech fir déi republikanesch Partei wielen. Dat huet hien am Kontext vun Twitter-Deal gesot. Senger Meenung no wier d’Direktioun vun der Social Media Plattform ze vill politesch lénks orientéiert. Hie wier éischter politesch moderéiert. Hie wollt Twitter kafe fir e bëssi méi Gläichgewiicht ze bréngen. De Moment gouf awer de Kaf bis op Weideres gestoppt.