Dem Johnny Depp seng Fans reagéieren immens intensiv op de Prozess tëscht him an dem Amber Heard. Elo gräife si esouguer säi Meedchen un.

D’Fans geheien dem Lily-Rose Depp vir dass hatt säi Papp net ënnerstëtzt. D’Schauspillerin a Model post nämlech Fotoen op Instagram déi näischt mam Prozess ze dinn hunn well hatt sech ëffentlech net dozou äussere wëll. Ganz vill extrem frech Kommentare fënnt een ënner all senge Fotoen, dacks mam Hashtag #justiceforjohnnydepp. 2016 hat d’Lily-Rose eng häerzeg Foto mat sengem Papp gepost déi hatt awer an der Tëschenzäit geläscht huet.