Et huet ee sech scho gefrot wéini d’Rihanna endlech säi Kand géif kréien. Dat ass dann elo esouwäit!

D’Rihanna huet säin éischt Kand mam Rapper A$AP Rocky op d’Welt bruecht. Wéi d’Promiportal TMZ mellt soll et sech ëm e klenge Jong handelen. An hie soll scho genee virun enger Woch op d’Welt komm sinn. D’Koppel selwer huet d’Gebuert nach net offiziell matgedeelt. D’Rihanna war de 9. Mee fir déi leschte Kéier gesi ginn.