Anescht wéi beim Rihanna war d’Gebuert vum Ed Sheeran sengem zweete Kand eng grouss Iwwerraschung.

De Sänger huet en Donneschdeg den Owend eng Foto vu Bëbee-Schong op Instagram gepost. An engem kuerzen a ganz einfache Message huet den Ed Sheeran gesot dass säin zweet Meedchen op d’Welt komm ass. Hien a seng Fra d’Cherry Seaborn hätte sech an de Bëbee verléift a géife sech freeën elo d’Famill vergréissert ze hunn. Senger Fra seng Schwangerschaft war déi ganzen Zäit geheim bliwwen. D’Koppel huet schonn e Meedchen d’Lyra Antartica dat am August 2020 op d’Welt komm ass.