D’Dua Lipa wëll net nëmmen an der Musek-Industrie mee och an der Film-Industrie erfollegräich ginn!

Wéi et hescht hätt d’Sängerin eng Roll am Barbie-Film kritt. D’Margot Robbie spillt hei d’Haaptroll vum Barbie an de Ryan Gosling spillt de Ken. Et ass net kloer wéi eng Roll d’Dua Lipa an deem Film spille wäert. Verschiddene Rumeuren no wäert d’Margot Robbie nämlech net déi eenzeg Barbie am Film sinn. Dëse soll am September 2023 erauskommen an d’Leit iwwerraschen!