D'Kourtney Kardashian an den Travis Barker kënne wuel net genuch vun Hochzäits-Zeremonië kréien.

D'Kourtney Kardashian an den Travis Barker hunn sech fir déi drëtte Kéier d'Jo-Wuert ginn. Nodeems d'Reality-Show-Perséinlechkeet an den Drummer vu Blink 182 sech schonn am Abrëll zu Las Vegas an de 15. Mee a Kalifornie bestuet hunn, hunn si hir Hochzäit d'leschte Sonndeg eng drëtte Kéier gefeiert.

An Italien, hunn déi 2, an engem Schlass aus dem 16. Joerhonnert, eng drëtt Hochzäits-Zeremonie gefeiert. Dat zesumme mat hire Famillen a Frënn.