Nieft dem Schauspiller, dierf, ënner anerem, de fréieren amerikanesche Senator, John McCain net méi a Russland areesen. Dat obwuel hie schonn dout ass.

De Schauspiller Morgan Freeman steet op enger Lëscht vun 963 amerikanesche Staatsbierger, déi net méi a Russland areesen dierfen. Wéi et vu verschiddene Medien heescht, dierft de 84 Joer ale Schauspiller, net méi a Russland areesen, well hien 2017 d'Stëmm vun engem Video war, an deem Russland beschëllegt gouf, déi amerikanesch Presidentiellen, am Joer 2016 manipuléiert ze hunn.

Nieft dem Schauspiller, steet och de fréieren amerikanesche Senator, John McCain op der Lëscht vun de Persounen, déi a Russland net méi erwënscht sinn. Dëst obwuel hie schonn zënter 2018 dout ass.