No 8 Joer hällt de Pete Davidson bei Saturday Night Live op.

De Pete Davidson huet déi amerikanesch Comedy-Serie Saturday Night Live, verlooss. Dat huet hie viru sengem leschten Optrëtt an der Serie, d'leschte Samschdeg an de soziale Medie matgedeelt. Well de Pete awer selwer guer net op Social Media ënnerwee ass, huet hien dat iwwert den Instagram-Account vu sengem Kolleeg David Sirus gemaach.

Am Post huet de Pete Davidson geschriwwen, dass hien, ewéi hie virun 8 Joer Deel vun der Sendung gouf, kee Plang hat, wat hien eigentlech maache géif. Hien huet, dann och dem Produzent vun der Show, Lorne Michaels, a jidderengem, dee soss un der Serie matgeschafft huet, fir hier Ënnerstëtzung Merci gesot.