Den Timberlake beweist Humor a laacht iwwert sech selwer.

Bei engem Optrëtt zu Washington D.C. huet den eemolege Boyband-Member säin Danztalent ënner Beweis gestallt. Oder och net. De Performer huet nämlech vill Spott fir seng Performance missen astiechen. Mee den Timberlake huet et mat Humor geholl a mat Selbstironie op dës Kommentare reagéiert.