
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archives/Dimitrios Kambouris
2019 ass déi lescht Episod vun der internationaler Fantasyserie no 8 Staffelen op en Enn gaangen.
Bis ewell geet vu 6 Spin-Offs vun der Serie riets, déi entweder nach geplangt ginn oder schonn an der Entwécklung sinn. Viru kuerzem gouf dann elo vun enger Serie mam Jon Snow-Duersteller Kit Harington geschwat. D’ Daenerys Targaryen-Duerstellerin huet d’Pläng fir de Sequel da bestätegt.
Et géing passéieren. Esouwäit d'Clarke wéisst, wier de Spin-Off vum Harington entwéckelt ginn, esou d'Schauspillerin géigeniwwer der BBC.