De Greenday-Sänger ass mat der Decisioun vum amerikanesche Verfassungsgeriicht, fir d'Recht op Ofdreiwung an den USA ofzeschafen, guet net averstanen.

Nodeems dat amerikanescht Verfassungsgeriicht d'Recht op Ofdreiwung an den USA gekippt huet, gouf et vu ville Säite Kritik. Esou och vun enger ganzer Partie Promien. Mat déi uergste Konsequenzen aus der Decisioun vum ieweschten amerikanesche Geriicht huet awer wuel de Sänger vun der Band Greenday, de Billie Joe Armstrong gezunn.

Op engem Concert d'leschte Samschdeg zu London, sot de Greenday-Sänger, dass hien näischt méi fir Amerika iwwereg hätt. Hie géif seng amerikanesch Staatsbiergerschaft opginn an an England plënneren. Weiderhin huet hien d'USA als eng traureg Excuse fir e richtegt Land bezeechent. Op engem anere Concert zu Huddersfield huet hien da ,,Schäiss op de Supreme Court" an de Mikro gejaut. Uschléissend hat d'Band dann hiert Lidd "American Idiot" gespillt.