E Samschdeg hat den US-President Biden déi éischt landeswäit Verschäerfung vum Waff-Gesetz zënter 30 Joer ënnerzeechent.

Dofir gouf et vu ville Säite Luef. Esou och vum Matthew McConaughey. An engem Post op Instagram huet de Schauspiller sech ausféierlech iwwert dat neit Gesetz geäussert. Och wann d'Gesetz sécherlech net perfekt wier, wier et en exzellent Beispill, fir d'Fäegkeet e politesche Kompromëss anzegoen a géigesäiteg Usiichte mateneen an en Aklang ze bréngen.

D'Gesetz géif onschëlleg Liewe schützen andeems et dozou bäidroe géif, Waffen aus den Hänn vu kriminellen an irresponsabele Persounen ze halen, déi sech hannert dem 2. Zousaz vun der amerikanescher Verfassung verstoppe géifen.