De Bam Magera kämpft schonn zënter Jore géint säin Alkoholismus.

De Bam Magera ass op en Neits aus enger Entzuch-Klinik am amerikanesche Bundesstaat Florida verschwonnen. Wéi de Promiportal "TMZ" schreift, géif d'Police den Ament no deem fréieren Jackass-Star sichen.

Deemno wier "TMZ" vun enger Quell aus der Police vu Florida gewuer ginn, dass de Bam Magera fir d'Lescht e Samschdeg den Owend zu Deerfield Beach gesi gouf. All Persoun, déi hien duerno nach gesinn hätt, wier da gebieden, sech bei der Police ze mellen.

De Bam Magera war scho virun 2 Wochen aus der Klinik, an där hie wéinst sengem Alkoholismus a Behandlung ass, fortgelaf.