De Samuel Garner Affleck ass mat engem Lamborghini an e BMW gerannt.

Dem Ben Affleck säin 10 Joer ale Bouf, Samuel Garner Affleck, hat sech nawell eng geleescht. Wéi de Promiportal "TMZ" mellt, waren de Ben Affleck, seng Fra Jennifer Lopez, an de Samuel d'leschte Sonndeg zu Beverl Hills an enger Garage fir Luxus-Autoen, fir sech verschiddener vun den Autoen, déi do verkaf ginn unzekucken.

Dobäi hat de Ben Affleck säi Bouf kuerz hannert d'Steier vun engem Lamorghini Urus gelooss. Ma wéi de Ben kuerz net opgepasst hat, hat de Samuel de Réckgang vum Auto, bei deem de Moto u war, ageluecht. De Lamborghini war doropshin no hanne gefuer an an e wäisse BMW gerannt.

Wéi et vun engem vum Affleck sengen Ugestallten heescht, wier beim Accident allerdéngs kee Schued verursaacht ginn.