D'Serie hätt dozou gefouert, dass vill Kanner selwer geféierlech Aktioune probéiert, a sech dobäi blesséiert hätten.

De Steve-O huet zouginn, dass d'Fernseeserie Jackass, wéi se fir déi éischte Kéier ausgestraalt gouf, e schlechten Afloss op Kanner gehat hätt. Wéi hien am Mike Tyson sengem Podcast "Hotboxin" sot, hätt d'Serie et deemools duerchaus verdéngt gehat, dass d'Leit sech iwwert se opreegen.

Kuerz nodeems d'Serie erauskoum, wier et nämlech effektiv de Fall gewiescht, dass Kanner an den USA an uechtert d'Welt sech eng Kamera geholl, a verréckt Saache probéiert hätten. Vill vun hinnen, wieren dann och mat Blessuren am Spidol gelant. Et wier kloer, dass "Jackass" deemools den Ausléiser gewiescht wier. Ëmmerhi wier et deemools keng aner Serie ginn, déi d'Kanner zu esou engem Verhalen hätt inspiréiere kënnen.