D'Kylie Jenner soll géigeniwwer dem Personal vu Restauranten net besonnesch spendabel sinn.

De Internetsite "Indy 500" ass op en TikTok-Video aus dem Joer 2020 gestouss. An dësem huet eng Fra, déi ugëtt, dass si an engem schicke Restaurant zu New York geschafft hätt, berüümt Gäscht duerno bewäert, wéi héiflech si waren a wéi vill Drénkgeld si ginn haten.

D'Kylie Jenner krut dobäi eng Bewäertung vun 2 vun 10 Punkten. Dat well hatt bei enger Rechnung vu 500 $ nëmmen 20 $ Drénkgeld ginn hat. Dat entsprécht engem Drénkgeld vu 4 %. Normalerweis sinn an den USA 20% Drénkgeld üblech.