Dem Travis seng Duechter, Amanda huet d'Leit op de soziale Medien dozou opgefuerdert, fir hire Papp ze bieden.

Den Drummer vu "Blink 182" a Mann vum Kourtney Kardashian, Travis Barker, läit den Ament am Spidol. Seng Fra an hie waren en Dënschdeg de Moien an de "West Hills Hospital" zu Los Angeles gaangen. Hei hat dat medezinescht Personal da wuel gréisser gesondheetlech Problemer beim Travis festgestallt. Kuerz drop, gouf hie nämlech mat enger Ambulanz an en anert Spidol bruecht.

Den Ament ass nach net gewosst, ëm wéi ee gesondheetleche Problem et sech genee handelt. Allerdéngs schéngt d'Situatioun eescht ze sinn. Den Travis Barker hat nämlech en Dënschdeg de Moien "God save me" - also: "Gott rett mech" - getweet. Ausserdeem huet seng Duechter, Amanda Barker, d'Leit op de soziale Medien dozou opgefuerdert, fir hire Papp ze bieden.