De Mega-Star Robbie Williams stoung de leschte Samschdeg bei St. Tropez op enger Bün an huet d'Gäscht mat senge ganz éierleche Wierder iwwerrascht

E Samschdeg war déi éischt "Night of Discovery"-Gala vum Aurora-Institut am Hotel Le Beauvallon bei St. Tropez.
Dobäi goung et ëm Mënsche mat psychesche Problemer. Och de Robbie Williams war beim Event op der Plaz. Mee hie war mat senger Fra Ayda Field net nëmmen als ee vun de ronn 500 Gäscht do, mee hien huet och eng Ried gehalen.

De Robbie Williams huet op der Bün iwwert säin eegene Kampf mat sech selwer geschwat. De Sänger huet deemno zouginn, dass et him schlecht géing goen, wourunner a wourënner hie leit. Dem Sänger no géing "berüümt an erfollegräich sinn" hien net vu senge psychesche Problemer befreien. Hie géing ënnert ADHS, BDD, Depressioun, Dyslexia an Angscht viru soziale Situatioune wéi dëser leiden. Hien hätt Zwangsvirstellungen, Microphobia an hie wier een Alkoholiker, hie wier ee Süchtegen, esou de Sänger weider.

Wéi schwéier him et gefall ass, dat viru Leit ze erzielen, léisst sech dorunner erkennen, dass de Robbie no senger Ried direkt heem gaangen ass.