D'Lena Meyer-Landrut an de Mark Forster hunn heemlech Jo gesot.

D'Lena Meyer-Landrut an de Mark Forster hunn elo scho fir déi zweete Kéier Jo gesot. D'Hochzäit gouf dës Kéier op Sizilien gefeiert. Dat am klenge Krees mat der Famill a Kolleegen, sou déi däitsch Zeitung Bild. Déi ronn 50 Gäscht sinn op Palermo geflunn an hunn do zesumme mam Brautpuer op enger geheimer Plaz an der Géigend vun der Haaptstad gefeiert.

Enn 2020 haten déi zwee sech schonn d'Jo-Wuert um État civil ginn.