D'Beyoncé ännert den Text vun engem vu senge neie Lidder nodeems et Kritik gouf.

No 6 Joer ass leschte Freiden dee neien Album vum Beyoncé verëffentlecht ginn. Elo wëll d'Sängerin den Text vum Lidd "Heated" änneren an d'Lidd nei ophuelen. An dem Lidd benotzt hatt ee Wuert, dat beleidegend géigeniwwer vu Persoune mat spastescher Zerebralparese ass. Déi nei Versioun soll ouni dat Wuert verëffentlecht ginn. Wéi et vu BBC heescht, huet d'Handicapéiertenorganisatioun "Scope" d'Beyoncé gefrot fir den Text ze änneren. Ee Spriecher vun der Sängerin huet matgedeelt, dass dat Wuert an den USA ënnerschiddlech Bedeitunge kann hunn an et wier net mat Ofsicht fir dës schiedlech Aart a Weis benotzt ginn. Bis wéini déi nei Versioun vum Lidd eraus kennt, ass nach net gewosst.