Ass d'Taylor Swift eng Ëmweltsënnerin? Anscheinend jo. Nämlech steet hatt wéinst de ville Flich déi hatt mécht a Kritik.

Enger Etude vun der brittescher Marketingagence «Yard» no, zielt déi 32 Joer al Sängerin zu deene Promien déi am meeschte mam Privatjet fléien a sou dee gréisste CO2-Foussofdrock hannerloossen. Dës Kritik léisst d'Sängerin awer net op sech sëtzen. Ee Spriecher vum Swift deelt mat, dass hatt säi Jet reegelméisseg un aner Persounen ausléint an all déi Reesen him zouzeschreiwe falsch wier. An deene leschte 7 Méint soll dem Swift säi Jet 170 mol benotzt gi sinn. Bei duerchschnëttleche Flich vun 80 Minutte sinn dat 8.293 Tonne CO2-Ausstouss an d'Loft.

D'Pop-Sängerin ass awer net deen eenzege Promi dee gären an de Privatjet klëmmt. Mat vir bäi sinn nach de Jay-Z, de Steven Spielberg an d'Kim Kardashian.