D'Leona Lewis a säi Mann den Dennis Jauch hunn hiert éischt Kand kritt.

D'Meedche vum Leona Lewis a Dennis Jauch ass den 22. Juli op d'Welt komm an ass dat éischt Kand vun der Sängerin an hirem däitsche Mann. De Numm vum Kand ass Carmel Allegra. Op Instagram hat d'Musekerin eng Foto gepost an dobäi geschriwwen, dass en si dann elo zu dräi sinn. D'Koppel huet sech 2010 bei enger gemeinsamer Tour kenne geleiert. Den Dennis Jauch war deemools Background-Dänzer bei enger Show vum Lewis. 2019 sinn déi zwee bestuet ginn.