De Chris Rock huet net vir mam Will Smith ze schwätzen.

Obwuel de Smith sech elo scho méi wéi eng Kéier fir säi falscht Verhale bei den Oscaren entschëllegt huet, wëll de Chris Rock net mat him driwwer schwätzen. Eng anonym Quell huet sech bei "Enternainment Tonight" gemellt a gesot, dass de Rock net plangt sech beim Smith ze mellen. Des Weidere sot den Insider, dass de Schauspiller d'Verzeiung vun der Ëffentlechkeet brauch an net déi vum Chris. Wéi de Komiker zu deem ganze Virfall steet hat hie scho kuerz drop bei enger Stand-Up-Show matgedeelt. Nämlech ass hien deen Dag no den Oscaren nees schaffe gaangen.