Kendall Jenner an den Devin Booker hunn no der Trennung nees zouenee fonnt.

Déi zwee verbrénge grad e puer schéin Deeg an der Natur wéi eng Foto wéisst. Op der Foto gesäit een de Devin Booker op der Terrasse setzen an op sengem Schouss sëtzt Kendall Jenner. Enn Juni hat een Insider matgedeelt, dass en déi zwee ausernee gaange sinn. Ma virun e puer Woche sollten si nees zouenee fonnt hunn. Dës Foto bestätegt da wuel de Liebes-Comeback.