D'Chrissy Teigen ass nees schwanger.

Wéi d'Chrissi Teigen op Instagram matdeelt, ass hatt nees schwanger. Nämlech schreift hatt, dass déi lescht Wochen turbulent waren. Elo awer nees Freed an hirem Doheem an am Häerz ass. 2020 hat d'Model ee Bouf als Stärekand op d'Welt bruecht. Dëst war an ass nach ëmmer een traumatescht Erliefnis fir d'Model. Hatt ass och der Meenung, dass et bei dëser Schwangerschaft keen Dokter-Rendezvous wäert gi bei deem hatt net nervös ass. Och säi Mann huet eng Foto mat 5 Häerzer drënner gepost.

Lauschtert hei alleguerten d'Prominews vum Dag: