Dem Johnny Depp seng Ex-Affär behaapt, dass hien him Droge virum Sex ginn huet.

Virun e puer Deeg ass een neit Dokument verëffentlecht ginn an deem huet Ellen Barkin vun engem Erliefnis mam Schauspiller erzielt, sou "Daily Mail". Nämlech soll den Depp him eng Berouegungsdrog ginn hunn ier déi zwee déi éischte Kéier matenee geschlof hunn. Wärend dem Prozess vum Amber Heard an dem Johnny Depp war d'Barkin net gutt op den Depp ze schwätzen. Hatt huet ausgesot, dass hie scho mat enger Fläsch no him geworf hätt an hien déi ganzen Zäite verbal ausfalend gi wär.