
© Rich Fury / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
D'Demi Lovato wëll nees mat de Pronomen "si" an "dir" ugeschwat ginn.
Wéi d'Sängerin an engem Podcast, kuerz virun der Verëffentlechung vu sengem neien Album, matdeelt, well hatt nees mat de Pronomen "si" an "dir" adresséiert ginn. Réischt d'lescht Joer hat Lovato matgedeelt, dass hatt sech weder als Mann nach als Fra fillt an dofir mat den englesche Pronomen "they" an "them" ugeschwat wëll ginn. Och op Instagram huet d'Lovato mëttlerweil d'Pronomen "they", "them", "she" an "her" a senger Beschreiwung stoen.