D'Frëndschaft tëscht dem John Legend an dem Kanye West, huet déi géigesätzlech politesch Usiichte vun deenen 2 net iwwerlieft.

De Sänger John Legend huet rezent zouginn, dass seng Frëndschaft mam Kanye West virun allem wéinst dem Ye senger Ënnerstëtzung fir den Den Donald Trump op en Enn komm wier. Wéi de Sänger an enger Episod vum David Axelrod sengem Podcast "The Axe Files" sot, géifen hien an de Ye sech net méi esou no stoen, ewéi fréier. Senger Meenung no, wier et wéinst hirer géigesätzlecher Meenung iwwert den Donald Trump net méi méiglech gewiescht eng richteg Frëndschaft oprecht ze erhalen.

Den John Legend hat am Podcast awer och positiv iwwert de Kanye West geschwat. Hie wier ganz oppe mat senge psychesche Probleemer ëmgaangen an ënnert dem Stréch ee ganz éierleche Mënsch, dee sech net an der Ëffentlechkeet verstelle géif.