Ee vun den Haaptgrënn fir d'Trennung de Fait sinn, dass si den Ament aus beruffleche Grënn, wäit vun eneen ewech liewen.

D'Kim Kardashian an de Pete Davidson sinn net méi zesummen. Dat mellen eng Partie amerikanesch Medien a beruffen sech dobäi op Quellen aus dem Ëmfeld vum Schauspiller an der Geschäftsfra.

Deemno hätten déi 2 decidéiert, dass si an Zukunft nëmmen nach Frënn wéilte sinn. Ee vun den Haaptgrënn fir d'Trennung, vun deenen 2 soll de Fait sinn, dass si den Ament aus beruffleche Grënn, wäit vun eneen ewech liewen. Wärend de Pete Davidson de Gros vu senger Zäit bei Dréiaarbechten an Australie verbréngt, këmmert d'Kim sech zu Los Angeles ëm seng Geschäfter a seng Kanner.

Déi 2 sollen awer am Gudden ausernee gaange sinn a si sollen een deen aneren och weiderhi respektéieren.