Dem Johnny Depp seng Victoire am Geriichtsprozess géint d'Amber Heard schéngt och wirtschaftlech wichteg fir de Schauspiller gewiescht ze sinn.

Hie soll nämlech en neie Vertrag mat der Luxus-Mark Dior ënnerschriwwen hunn. Deemno soll den Johnny Depp wärend den nächste puer Joer a Reklammen, fir e Parfum vun Dior, optrieden. Dem Internetsite TMZ no, soll hien dofir e siwe-stellege Betrag kréien.