Dem Kylie Jenner seng Fans hate wéineg Versteesdemech fir e Video, deen d'Sängerin op Instagram gepost hat.

Dem Kylie Jenner säi Partner, de Rapper Travis Scott, hat d'leschte Weekend säin éischte groussen Optrëtt zanterdeem bei enger Onrou, op engem vu senge Concerten, am November zejoert, 10 Mënschen ëm d'Liewe komm waren. An der Londoner O2-Arena hat hien 2 ausverkaafte Concerte gespillt.

Nom Concert hat d'Kylie Jenner dann e Video, op deem ze gesinn ass, wéi den Travis Scott hannert der Bün feiert, op sengem Instagram-Account gepost. Allerdéngs hat hatt de Video séier nees geläscht. Dat well vill Notzer sech beschwéiert haten, dass de Video respektlos géigeniwwer de Mënsche wier, déi beim Travis Scott sengem Concert ëm d'Liewe komm waren.

Lauschtert hei alleguerten d'Prominews vum Dag: