De Sänger huet en traumatescht Erliefnis aus senger Kandheet an engem Lidd verschafft.

De Sänger vun der Band, Mumford and Sons, Marcus Mumford, gouf am Alter vu 6 Joer sexuell mëssbraucht. Dat huet hien an engem Gespréich mam Magasinn "GQ" public gemaach. Detailer iwwert de Mëssbrauch huet hien net genannt, nëmmen, dass de Virfall sech net a senger Famill an och net an der Kierch ofgespillt hat.

De Mëssbrauch huet hien am Lidd "Cannibal" vu sengem éischte Solo-Album, deen am September erauskomme soll, verschafft. Nodeems hien d'Lidd senger Mam virgespillt hat, soll dës hie gefrot hunn, wourëms et am Lidd geet. Doropshin hätt hien hier, fir déi éischte Kéier vum Mëssbrauch erzielt.