Dem David Beckham säin eelste Bouf kann et net erwaarde Papp ze ginn.

De Brooklyn Beckham wëll onbedéngt Kanner kréien. Wéi hie géigeniwwer dem amerikanesche Magasinn "Variety" sot, kéint hien et kaum erwaarde Papp ze ginn. Hie géif senger Fra, Nicola Peltz, dat och reegelméisseg soen. Allerdéngs géif hien dobäi och all Kéiers betounen, dass hien eréischt da Kanner kréie wéilt, wann hatt der och wéilt.

Déi zwee géifen och oft iwwer d'Kanner-Kréie schwätzen. Virun allem iwwer d'Fro, ob hiert éischt Kand wuel e Jong, oder e Meedche wäert sinn. Allerdéngs hätt d'Nicola scho gesot, dass hatt bannent dem nächste Joer nach keng Kanner kréie wéilt. Déi 2 wiere sech awer eens, dass si an Zukunft gären eng grouss Famill hätten.