Déi fréier Dramkoppel féiert den Ament en heftege Sträit ëm d'Suergerecht vun hiren 2 Kanner.

D'Schauspillerin Olivia Wilde an hiren Ex-Mann, de Schauspiller Jason Sudeikis, streiden sech den Ament viru Geriicht ëm d'Suergerecht vun hiren 2 gemeinsame Kanner. An de Prozess soll och e reegelrechte Sträit sinn. Zanterdeem d'Olivia Wilde nämlech am Abrëll, wärend engem Optrëtt, Geriichts-Dokumenter iwwerreecht krut, léisst hatt kee gutt Hoer méi u sengem Ex-Mann.

Wéi aus Dokumenter, déi der brittescher "Daily Mail" virléien, ervirgoe soll, hätt d'Olivia Wilde viru Geriicht behaapt, dass hatt der Meenung wier, dass den Jason Sudeikis him d'Geriichts-Dokumenter express wärend sengem Optrëtt zoukomme gelooss huet, fir hatt ëffentlech ënner Drock ze setzen.

D'Schauspillerin wëll jo mat hiren 2 Kanner op London bei hire Frënd, Harry Styles, plënneren. Den Jason Sudeikis wëll awer, dass d'Kanner bei him an den USA bleiwen.