D'Sängerin soll de Fussballspiller mat enger 23 Joer aler Studentin erwëscht hunn.

De Fussball-Profi Gerard Piqué an d'Sängerin Shakira hate sech am Juni, no 12 Joer Bezéiung, getrennt. Ma elo soll de Grond fir d'Trennung gewosst sinn. Wéi déi katalanesch Zeitung "El Periódico" schreift, soll de Piqué dem Shakira friemgaange sinn. Deemno hätt d'Sängerin de Fussballspiller mat enger 23 Joer aler Studentin erwëscht.

Bei der Fra soll et sech ëm d'Clara Chia Marti handelen. Hatt soll nieft sengem Studium am Piqué senger Produktiouns-Firma "Kosmos" schaffen. Antëscht huet hatt alleguer seng Profiller op de soziale Medie geläscht. Wéi en Insider géigeniwwer spuenesche Medie sot, sollen hatt an de Gerard Piqué sech awer nach ëmmer eppes mateneen hunn.