Den Ament ass d'Sängerin mam italienesche Filmproduzent, Andrea Iervolino, zesummen.

D'Selena Gomez gesäit seng laangfristeg Zukunft net op der Bün an och net op der Kino-Leinwand. Wéi hatt rezent am Podcast "Giving Back Generation" sot, wäert hatt d'Liewen als Schauspillerin a Sängerin wuel enges Daags sat hunn. Warscheinlech, wäert hatt sech dann de gréissten Deel vu sengem Liewe fir karitativ Zwecker asetzen. Ausserdeem, géif hatt hoffen, dass hatt sech enges Daags bestueden, a Kanner kréie wäert.

Den Ament ass d'Selena Gomez an enger Bezéiung mam italienesche Filmproduzent Andrea Iervolino. Déi 2 haten sech schonn 2016, wärend den Dréiaarbechte fir d'Serie "Only Murderers in the Bulilding" kennegeléiert. Ugangs dës Joers, sollen si sech dann anenee verléift hunn. Den Ament verbréngen si de Summer zesummen.