De Sänger R. Kelly war Enn Juni, wéinst Mëssbrauch vu Mannerjäregen, zu enger Prisongsstrof vun 30 Joer verurteelt ginn.

Am Geriichtsurteel gouf och festgehalen, dass hien eng Geldstrof vun 140.000 $ bezuele misst.

Well den R.Kelly wärend dem Prozess net ausgehandelt hat, dass hien d'Strof an Etappe bezuele kéint, war dës direkt fälleg ginn. Ma hie soll d'Strof bis haut net bezuelt hunn. Allerdéngs hat hien an den 3 Joer an deenen hien an Untersuchungshaft war 27.500 $ op engem Konto, deen hien am Prisong huet, ugesammelt. D'Autoritéiten hunn elo 27.000 $ vun dëse Suen agezunn.

Ma dem R.Kelly seng Affekotin, Jennifer Bonjean, verlaangt elo, dass hire Mandant dës Suen nees zeréckkritt. Dat well d'Autoritéiten sech net un déi richteg Prozedure gehalen hätten. Esou hätt den R.Kelly zum Beispill ni e Rappell geschéckt kritt.

Lauschtert hei alleguerten d'Prominews vum Dag: